mercredi 24 juin 2009

BDë vun der Woch

RTL - 22.06.2009, 15:04 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.06.2009, 11:51

De Commando Colonial ass eng originel Manéier fir kleng Anekdoten aus dem zweete Weltkrich ze erzielen.

Zwee Zaldote vun der franséischer Arméi spillen an dëser Serie d'Haaptroll. Dobäi si si keng typesch Fransousen, mä zwee Männer déi vu Madagaskar a vun der Réunion kommen. Déi deemno der offizieller franséischer Ligne och alt kritesch géigeniwwer stinn.
Nodeems si am éischten Episode an éischter Ligne woren wéi déi franséisch an englesch Arméi probéiert hunn déi strategesch Positioun vu Madagaskar am indeschen Ozean ze sécheren, solle si elo op London fléien, fir den alliéierten Truppen wichteg Informatiounen iwwert een Débarquement an Nordafrika ze bréngen. Do gëtt et just ee Problem: hire Fliger huet eng Pann a muss noutlanden. Op enger klenger paradisescher Insel lande si, wou si ganz alleng mam eenzegen Awunner vun der Insel liewen. Et stellt sech awer lues a lues eraus, datt dee guer keen esou ee proppert Spill spillt, ewéi hien dat duerstellt. Well d'Insel ass ee geheime Ravitaillementspunkt fir déi preisesch U-Booter. An doduerch kommen déi zwee franséisch Agenten als Prisonnéier mat an een U-Boot, wou si een Offizéier kenneléieren, dee seng Pflicht mécht, ouni mat der Politik vun den Nazien averstan ze sinn.

D'Stärkt vun der Serie läit an hiren Dialoguen. Iwwert dee Wee bréngen d'Auteuren och verschidde politesch Iddien a Messagen ënner. Donieft gëtt et awer och eng gutt Portioun Humor, mat vill Ironie. Dacks sinn et d'Personnagen déi eng Parodie sinn, heiansdo sinn et Situatiounen an heiansdo sinn et Gespréicher tëscht de Personnagen. „Le loup gris de la Désolation" ass ee flotten Album deen ënnersträicht datt den Auteuren mat hirem éischten Episode net just ee Gléckstreffer gegléckt wor, mä datt si wierklech eng Iddi hunn, déi si iwwert d'Serie probéieren emzesetzen. Eng Iddi déi iwwerzeegt.

11 commentaires:

Hobopok a dit…

C'est du suisse ?

Hobopok a dit…

Du luxo ?

Appollo a dit…

Luxembourgeois, je crois. En tout cas, je suis d'accord sur tout.

Anonyme a dit…

ptain apolapo, j'ai tenté de t'envoyer un mail sans succès, tu peux me renvoyer ton adresse stp?

réaction a dit…

..

Anonyme a dit…

D'accord sur tout ? C'est pourtant un éreintement en règle ! Ah ah, ils t'ont taillé un beau costard à RTL.

Pierre

Herbert a dit…

J'ai adoré vos 2 bande dessinées Commando C.

Elles m'hérissent le poil...

Tania schlutz correspondante allemande a dit…

Cher Ollivier, Je suis Tania ta correspondante allemande du lycée. Tu te souviens...?
à l'époque tu étais fan de Nena (99 luft balons)
Tu étais venu me voir à Berlin on avait bien rigolé.
Je suis en vacance en france, au cap d'Agde. Si tu es dans le coin, viens me voir.

PS/ J'ai un peu changé.

Tania Schlutz

scénariste contorsionniste a dit…

Bonjour nous venons de fonder l'association des scénaristes contorsionnistes.
Nous aimerions que vous nous parrainiez.

Béatrice.

scénariste contorsionniste a dit…

Bonjour nous venons de fonder l'association des scénaristes contorsionnistes.
Nous aimerions que vous nous parrainiez.

Béatrice.

olmo mayakoff a dit…

...